← All Neiegkeeten

Rëmeleng brauch endlech eng staark Stëmm vun de Bierger

Ech sinn net zu Rëmeleng gebuer, mee ech wunnen zanter méi wéi zéng Joer hei an hunn déi politesch Entwécklung vun der Stad genee verfollegt. Wat ech an där Zäit erlieft hunn, huet mir gewisen, datt zu Rëmelen…

Ech sinn net zu Rëmeleng gebuer, mee ech wunnen zanter méi wéi zéng Joer hei an hunn déi politesch Entwécklung vun der Stad genee verfollegt. Wat ech an där Zäit erlieft hunn, huet mir gewisen, datt zu Rëmeleng dréngend eppes muss änneren.

Wie sech mat engem berechtegten Uleies un de Buergermeeschter oder un de Schäfferot riicht, soll erwaarden dierfen, eng Äntwert ze kréien. Ech selwer hunn de Buergermeeschter respektiv de Schäfferot sechs Mol ugeschriwwen – ouni eng eenzeg Äntwert.

Ass dat de respektvollen Ëmgang mat de Bierger, vun deem ëmmer geschwat gëtt?

Amplaz Froen ze beäntweren an op Kritik anzegoen, gi kritesch Leit séier als Querulante bezeechent oder net eescht geholl. Ech sinn dobäi keen Eenzelfall. Och aner Rëmelenger hunn mir bestätegt, datt si mat hiren Uleies ignoréiert, vertréischt oder vun enger Plaz op déi aner geschéckt goufen.

Esou geet een net mat Bierger ëm.

Wien d’Sëtzunge vum Gemengerot verfollegt, gesäit ëmmer nees dat selwecht Bild: Normal a berechtegt Froe ginn net kloer beäntwert, Informatioune ginn nëmme stéckweis matgedeelt, an op Kritik gëtt dacks arrogant oder gereizt reagéiert.

D’LSAP sëtzt zanter Joerzéngten an der politescher Verantwortung zu Rëmeleng. Eng Partei, déi esou laang un der Muecht ass, riskéiert iergendwann ze mengen, d’Stad géif hir gehéieren. Mee Rëmeleng gehéiert net enger Partei, net dem Schäfferot an och net dem Buergermeeschter. Rëmeleng gehéiert senge Bierger.

Dofir musse kloer Froe gestallt ginn:

Wat ass an de leschte Joren tatsächlech ëmgesat ginn? Wéi eng grouss Verbesserunge gesinn d’Bierger am Alldag? Wou sinn déi Projeten, déi ëmmer nees ugekënnegt goufen? Firwat dauere vill Virhaben Joren? A firwat gëtt Kritik esou dacks als Ugrëff behandelt, amplaz als Chance, et besser ze maachen?

Zanter Jore feelt et zu Rëmeleng un enger wierklecher politescher Alternativ. Vill Bierger haten d’Gefill, si missten déi aktuell Situatioun einfach akzeptéieren. Genee dat muss elo ophalen.

Dofir gëtt d’Biergerinitiativ Rëmeleng – Zesumme fir Rëmeleng gegrënnt.

Mir si keng verlängerter Aarm vun enger Partei. Mir kréie keng Uweisunge vun enger Parteizentral. Mir vertrieden d’Interesse vun de Bierger, net d’Interesse vun enger Majoritéit oder vun eenzelne Persounen.

Mir maachen och keng eidel Wahlverspriechen. Mir wëllen de Leit nolauschteren, hir Problemer eescht huelen an hir Iddien a konkret Virschléi ëmsetzen. D’Politik muss nees bei de Bierger ufänken – net hannert zouenen Dieren.

Mir fuerderen:

méi Transparenz bei den Entscheedungen, kloer Äntwerten op berechtegt Froen, e respektvollen Ëmgang mat de Bierger, eng oppen Informatiounspolitik an eng reell Bedeelegung vun der Bevëlkerung.

Kritik ass keen Ugrëff. Kritik ass en Deel vun der Demokratie. A wie politesch Verantwortung dréit, muss och bereet sinn, Froen ze beäntweren an Entscheedungen ze erklären.

Vill Bierger zu Rëmeleng sinn onzefridden. Vill hunn d’Gefill, datt hir Stëmm näischt zielt. Vill sinn der Meenung, datt et esou net ka weidergoen.

Elo ass et un der Zäit, dës Leit zesummenzebréngen.

Zesumme fir Rëmeleng steet fir eng nei, onofhängeg a kritesch Stëmm an eiser Stad. Net géint Rëmeleng, mee fir Rëmeleng. Net géint Persounen, mee géint eng Politik, déi d’Bierger net genuch eescht hëlt.

Rëmeleng brauch Verännerung. Rëmeleng brauch Transparenz. Rëmeleng brauch eng staark Stëmm vun de Bierger.